Den Dummeldenger Chouer gouf den 30. September 1934 als „Chorale mixte“ gegrënnt.
Eisen éischten President war den Nic. Weimerskirch, Vizepresident den J. Lommer, Sekretär den Albert Kill an den Caissier, den Jos. Kayser. Dirigent : P. Thorn; soss Memberen waren den J. Heymanns an den M. Mangeot.
Den 3. Juni 1979 ass d’Uergel ageweit ginn, an den 25. September 2004 hun mir eis 70 Joer gefeiert.Mir hun den Moment 32 aktiv Memberen.
Mir sangen all Samsdeg Owen ëm 18 Auer d’Mass zu Dummeldeng an der Kierch.
Eis Prouven sin Mëttwochs vun 19.30 Auer bis 21 Auer an der Kierch. Donieft sangen mir och Houchzäiten, Begriefnesser an Concerten.Den Organist: Nico Klein, d’Dirigentin: Josée Ahlen-Letsch
De Comité vun haut: President-Mangen Norbert; Sekretär-Warisse Jean-Paul; Caissier-Toussaint Jean-Jacques; Memberen- Bauchot Edith ;Berchem Anny ;Goergen Romain ; Kayser-Heymanns Mariette ; Schmit Pierre.