Saxophobia !

 

Leo van Oostrom

 

 

Den 1942 gebuerenen Leo van Oostrom huet mam Jolle Huckriede Klarinett an mam Adriaan Bosch Saxophon um Conservatoire Royal de Musique zu Den Haag an Holland studéiert. 1969 schléisst hien do mat der héchster Auszeechnung, der Fock-Medaille of.

 

Vun 1960 bis 1970 woar den Van Oostrom Member vun den Big Bands vum Frans Elsen an Rob Madna. Heen huet dunn och säin eegent Quintett gegrënnt an en haat een Trio mam Dick van de Capellen an John Engels. Vun 1969 bis 1993 woar heen den Leader vum « Nederlands Saxofon Kwartet ».

 

De Leo Van Oostrom ass haut Professer fir Saxophon am Conservatoire Royal de Musique zu Den Haag an Holland, éischten Saxophonist am Metropole Orkest an heen spillt och an den Bands vum Loek Dikker an Ben Gerritsen. Dobäi ass heen nach als Freelance beim Dutch Symphony Orchestra, am Schönberg-Ensemble, am ASKO-Ensemble an an der Ebony-Band. Zanter 1985 spillt den Leo am Duo mam Pianost Wolfgang Watzinger ; hiren Repertoire begräift Franséisch, Däitsch, Amerikanesch an Hollännesch Kompositiounen déi tëscht 1857 an 1998 geschriwen goufen.

 

Déi musikalesch Kombinatioun mam Eddy van Dijken, « Ragtime Saxophone » huet 1969 ugefaang. Se sin speziell renomméiert fir den Repertoire vum amerikaneschen C-Melody-Saxophonist Rudy Wiedoeft.

 

 

 


Saxophobia !

 

Ganz bekannt ass den Duo Van Oostrom / Van Dijken awer och duerch hir Saxophobia – Optrëtter ! Ech haat d’Geleenheet 1998 bei engem Stage zu Amsterdam déi éischten Kéier dem Leo säin Saxophobia-Concert mat ze erliewen. Ech kann just soen, ech hun gestaunt wat et alles fir kuriéis an exotesch Saxophonen gin ! Oder hutt der schon een riichten Alt, een Saxello, een Stritch oder een Swanee-Sax gesin ? Bei Saxophobia kënnt der déi Instrumenter all vun no gesin an dat bäscht : och héieren ! Passend zu der Zäit vun deem jeweilegen Instrument spillt heen Stécker aus allen Epochen, vu Demersseman, Singelée, Hodges, Wiedoft bis Dorsey, Trumbauer, Freeman an Milhaud.